Initiation au conte

Pour démarrer cette étape, nous avons axé notre travail sur les contes du monde, comme les mythes et les légendes d’ici et d’ailleurs.  Les contes appartiennent au monde du merveilleux et de l’imaginaire, ce qui a enthousiasmé dès le début les participants. Pour les encourager et valoriser leur vécu nous avons ajouté doucement une touche de notre réalité.

Oie

 

Et war emol e Schwan, deen zu Waasserbëlleg ënnert der Bréck geliewt huet  a ganz eleng seng Ronne geschwommen ass. Et war esou schéin him nozekucken, et huet ee gemengt et géif eng Wollek iwwer d’Waasser   schwiewen.

D’Leit hunn en all Dag gesinn a bewonnert. Du war hien natierlech stolz an en ass nach méi elegant geschwommen. Dann hunn d’Leit him och mol eppes z’iesse ginn an daat woost hien.

Eigentlech hätt hien kënnen zefridde sinn, mee eppes huet him gefeelt: een, dee mat him u senger Säit schwamme géif. 

« Wär ech dach net esou eleng » sot hien dacks.  

A wéi  en enges Dags esou traureg do souz a virun sech gekuckt huet, gesäit hien op eemol e Liichtchen .War dat eng kleng Elf oder eng Fee? Erstaunt kuckt hien an déi Richtung an héiert eppes flüsteren:

« Wann s du dir eppes wënschs, ganz vill a vun Häerzen, da geet dat an Erfëllung. »

En huet an d’Richtung gekuckt, wou dat Liicht hierkoum, mee du war et scho verschwonn. 

Mee genee do, wou virdrun dat hellt Liicht war, war elo eppes anescht.

A wéi hie genee gekuckt huet, gesäit hien eppes Wäisses op sech duer schwammen. Dat war esou schéin, datt et him den Otem geholl huet.

Eng wonnerschéi Schwanefra ass op en duer geschwomm. Vum éischten  Abléck un wossten si, dass si fir eneen gemaach waren. Eng wonnerschéi Schwaneléift huet ugefaangen.     

Et ass Moien, déi éischt Sonnestralen hu mech gekëddelt an ech sinn erwächt. Mee wat war do sou schwéier op mengem Schlofsak. Ech konnt mech mol net ëmdréien. Nieft mir louch de Jang, wat huet dee geschnaarcht!                                                                  

Wat hunn ech gestaunt, dat gleewt dir net, wat op mengem Bauch louch! Zwéi Schwanen louchen op mir, d’Häls anenee gewéckelt, eng grouss wäiss Bull. Ech hunn se ugepak fir sécher ze sinn, datt et keen Dram wär. Mee neen, dat huet sech esou gutt ugefillt, waarm, an awer fiicht. An  déi Plommen waren esou duuss. Ech sinn ganz laang roueg leie bliwwen, dat war e schéint Gefill. 

An den Hond war och ganz roueg, deen huet näischt gemaach. Wären dach d’Mënschen genee esou friddlech wéi d’Déieren mateneen! 

   Dëst ass eng Erënnerung, déi ech ni vergiessen an dofir wollt ech se mat iech deelen.

Histoire créée par Astrid, militante

À la Maison Culturelle un vendredi sur deux, nous pouvions compter sur la précieuse collaboration de Muriel, conteuse professionnelle, qui travaillait en binôme avec une ou deux personnes pour construire leurs personnages en mélangeant réalité et fiction. Nous procédions par étapes et le courage de se montrer devant un petit public devenait semaine après semaine plus concret. Des visites à travers le pays nous donnaient la juste inspiration pour aller à la source du vécu des personnes.

 

 

Muriel

« Quand je me promène j’aime regarder autour de moi, mon regard se perd ici et là à la recherche de petites choses. Les odeurs de la terre qui remontent et se réveillent, révèlent des moments éternels d’émerveillement, j’adore respirer la vie qui se déploye malgré tout… » Astrid, militante