Offre d'emploi
ATD Quart Monde Lëtzebuerg a.s.b.l. sicht e/eng :
Responsabel Jugendgrupp (m/w)
CDI 24 Stonnen - Woch/ Kollektivvertrag SAS/ Niveau Bac + 3 Carrière C6
Aufgabeberäich:
- Ausschaffen, Koordinatioun a Betreie vu Projete mat als Haaptzilpublikum Jonker vu 16 bis 30 Joer, déi a prekäre Liewensbedingungen oder sozialer Ausgrenzung liewen
- Begleedung a Virbereedung vu Jugendlecher fir Missiounen am Ausland déi vum Internationale Mouvement ATD Quart Monde organiséiert ginn
- Bedeelegung u Jugendprojeten am Kader vun der globaler Missioun vun ATD Quart Monde, an ënner anerem Formatiounen ausschaffe fir Jugendlecher a Schoulen zum Thema „Aarmut“ ze sensibiliséieren
Äre Profil:
- Dir hutt en Diplom Niveau BAC +3
- Dir beherrscht gutt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, mëndlech an schrëftlech
- Dir sidd dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten a kënnt selbststänneg schaffen
- Dir sidd belaaschtbar, kontaktfreedeg an hutt e gudden Teamgeescht
- Dir sidd flexibel, bereet och owes an de Weekend ze schaffen
- Dir sidd bereet u Formatioune vum Internationale Mouvement ATD Quart Monde deelzehuelen
Dir hutt gutt Computerkenntnisser (Microsoft Office)
Dir hutt Erfarunge mat Jonker, déi a sozialer Ausgrenzung oder Aarmut liewen.
Schéckt Är Demande mat Liewenslaf, Foto, Diplom a Motivatiounsbréif bis den 5. März eran.
ATD Quart Monde - Maison Culturelle
25, rue de Beggen L- 1221 Luxembourg
Tél : 43 53 24 20 oder
Email : atdquamo [at] pt [dot] lu (atdquamo[at]pt[dot]lu)