
Offres d'emploi - Annonce Luxemburger Wort 27 Novembre 2021
ATD Quart Monde Lëtzebuerg a.s.b.l. sicht
1 Chargé de Projet (m/w)
CDI 20 Stonnen - Woch / Kollektivvertrag SAS
- Ausschaffen, Koordinatioun a Betreie vu Projete mat als Haaptzilpublikum Jugendlecher a jonk Erwuessener, déi a prekäre Liewensbedingungen oder sozialer Ausgrenzung liewen
- Bedeelegung u Projeten am Kader vun der globaler Missioun vun ATD Quart Monde
1 Coordinateur d’équipe (m/w)
CDI 20 Stonnen - Woch / Kollektivvertrag SAS
Aufgabeberäich:
- D’Koordinatioun vun den Aktiounen assuréieren an suergen, datt eis definéiert Ziler erreecht ginn.
- Den Zesummenhalt tëschent der Equipe an de Membere vun ATD Quart Monde schafen an eng Dynamique entwéckele ronderëm déi verschidden Aktiounen, déi duerchgefouert ginn
- Den alldeeglechen an interne Fonctionnement vun der permanenter Equipe assuréieren
Dës zwee Posten kënnen och vun enger Persoun besat ginn.
Äre Profil:
- Dir hutt en Diplom Niveau BAC +3
- Dir beherrscht gutt Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, mëndlech an schrëftlech
- Dir sidd dynamesch an engagéiert an der Entwécklung vun neie Projeten a kënnt selbststänneg schaffen
- Dir sidd belaaschtbar, kontaktfreedeg an hutt e gudden Teamgeescht
- Dir sidd flexibel, bereet och owes an de Weekend ze schaffen
- Dir sidd bereet u Formatioune vum Internationale Mouvement deelzehuelen
- Dir hutt gutt Computerkenntnisser (Microsoft Office)
Erfarunge mat Leit, déi a sozialer Ausgrenzung oder Aarmut liewen, souwéi associative Erfarunge si vu Virdeel.
Schéckt Är Demande mat Liewenslaf, Foto, Diplom a Motivatiounsbréif bis den 15.12.2021 u folgend Adress:
ATD Quart Monde - Maison culturelle
25, rue de Beggen
L- 1221 Luxembourg
Tél : 43 53 24 20 oder Email : atdquamo [at] pt [dot] lu