« WIE ACHTE ICH AUF MEINE MENTALE GESUNDHEIT ? »

Up

Unsere letzte Volksuniversität für 2023 fand im Beisein von Frau Christine Lejeune von der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène Mentale statt. Frau Muriel Nossem, Geschichtenerzählerin, hat unsere Diskussionen und Aussagen mit 2 spannenden und passenden Geschichten bereichert.

Wir hatten im Vorfeld 3 Vorbereitungsversammlungen im kleinen Kreis.

Zuerst haben wir über Ursachen und Gründe geredet, die mit sich bringen, dass wir uns mental nicht gesund spüren. Aber auch wenn es einem nicht gut geht, bedeutet dies nicht, dass man psychisch krank ist. 

  • Das kann ein einziges Ereignis sein, eine “Schocksituation”. Wir haben viel über Trauer und Trauerbewältigung ausgetauscht.

« Ech als Mamm traueren jo aneschters wéi di aner. Bei mir vergeet dat jo souwisou ni. Et ass ëmmer een deen der felt. Esou Eppes vergeet och ni. Et gëtt manner. D’Liewen ass awer trotzdem schéin. D’Liewe muss awer weidergoen, obwuel mir Dech vermëssen. »

« Wi mei Mann gestuerwen ass,  hunn ech 8 Deeg laang gelieft, wou  ech net méi weess wéi ech gelieft hunn. Ech war nëmme fir meng Kanner do. Eng Woch duerno sinn ech zesummegebrach. Ech weess net wat an där Woch war. »

UP2
  • Auch Mobbing, unser Umfeld oder die Gesellschaft kann mit sich bringen, dass wir uns nicht so angenommen fühlen, wie wir sind. Wir fühlen uns ausgegrenzt, allein.

« Säitdeems ech an der Spillschoul sinn, ginn ech gemobbt. Well ech net an dat Bild passen dat anerer gären vu mer wëlle gesinn. »

« Wann ee Frënn huet, deenen et schlecht geet. Dann ass ee machtlos. Dat zitt ee mat erof. »

« Kee schwätzt mat mir. Ech sinn ëmmer eleng. Ech muss  op mech oppassen. »

« An onser Kultur muss ee schéin, perfekt, gesond sinn. Den Interessi ass net ëmmer do. Wann ee krank ass, ass een net interessant. »

« Den Altruismus ass ewechgefall. Et gëtt net genuch informell a spontan geschwat. D’Leit traue sech net méi bei een ze goen. Si ruffen dann un. »

  • Die Lebenssituation, in der wir uns gerade befinden , beeinflusst ebenso unsere mentale Gesundheit. Das betrifft Wohnen, Armut, um sein Recht kämpfen zu müssen, aber auch den Klimawandel, oder einfach, das Wetter.

« Dat mécht ee psychesch krank op enkstem Raum ze wunnen. Mir hu keng reell Intimitéit. »

« Op der Sich no engem Doheem sinn, mécht krank. Et ass keng Sécherheet do. »

« Den éiwege Kampf no Iessen. An de Cent Buttek goen. Am Ufank ass ee frou, mee d’Uebst ass net frësch. Et ass net schéin ze denken, dass een nëmmen d’Reschter kritt. »

« Recht hunn a säi Recht net unerkannt ze kréien mécht krank. Du muss kämpfen. Et kënnt en ni zur Rou. »

UP4

« Ech hunn den Hierscht an de Wanter net gären, well et éischter däischter ass. Bei Reen giff een am léifsten am Bett leien.»

« Et ass wi wann d’Natur och depressiv wier well d’Mënschen se futti maachen. D’Natur huet och ee Liewen. Et ass en Hëllefsruff. »

  • Wie äussert sich dieses Unwohlbefinden? Bei den Vorbereitungen haben wir viel über die Schlafstörungen geredet.

« Ech hunn elo eng ganz laang Zäit net geschlof.  Wann ech ze vill Roserei a mer hunn, wann Ongerechtegkeeten vis-à-vis vu mir geschéien, da kann ech net schlofen. Ech sinn di Roserei net lass ginn. Ech huelen elo zënter e puer Deeg Pëllen a schlofe besser. »

  • Wenn es einem nicht gut geht, kann man sich unterdrückt fühlen, Schuldgefühle empfinden.

« Ech hat och Schold kritt, wou ech kleng war, et war ëmmer meng Schold. Et geet haut weider, awer net ech ginn engem d’Schold. Ech gi mir d’Schold. »

UP

Danach haben wir weiterüberlegt : Das Negative gehört zum Leben dazu. Die Frage ist: wie gehe ich damit um? Jeder ist anders. Jeder reagiert anders auf eine Situation.  Wo holen wir uns Hilfe bei Bedarf? Begegnen wir Schwierigkeiten, Hürden, wenn wir Hilfe suchen?

  • Wenn manche Leute teilweise über gute Erfahrungen mit Psychologen, Psychiatern und Medikation berichtet haben, haben andere eher schlechte Erfahrungen gemacht.

 « D’Psychologen hunn ëmmer wollten, dass ech iwwert meng Vergaangenheet schwätzen a schreiwen alles op. Ech hunn awer keng Loscht, hinnen alles z’erzielen. Di maachen d’Wonn nees op, wullen alles op. Ech wëll dat net méi. Ech wëll no vir kucken an d’ Vergaangenheet no hanne loossen. »

« D’Doktere lauschteren engem net richteg no: Wat mi séier wat besser.»

« Haut hunn ech onheemlech Schwieregkeeten, nach engem ze vertrauen. Wat d’ Psychologe betrëfft, ech hu Leit,  déi ech mi laang kennen, mat deenen ech ka schwätzen. »

« Ech hunn Hëllef gefrot. Ech ginn elo an d’Dagesklinik. ...D'Reegelméissegkeet deet gutt. Driwwer schwätzen hëlleft. »

« Ech war op 4 Patten mat de Pëllen. Da kann ee sech net mi wieren. Dat ka keen sech virstellen. Si gi Medikamenter, awer keen Encouragement. »

« Duerch d’Pëllen ass Dir alles egal. Wou d’Situatioun eriwwer war, sinn ech nees an dat normaalt Liewen eragaangen. »

« Di Leit di a geschlossenen Unitéiten hospitaliséiert sinn, dierften just kënnen nees erauskommen, wa se versécheren, dass se e Suivi doheem acceptéieren. Et gi Suivien déi bei d’Leit heem gin. Mee wann d’Leit et refuséieren? Da geet no der Entloossung dat ganzt nees vu vir un. »

UP
  • Wir haben zum Schluss aber vor allem die Stärken, Kräften und die verschiedenen Ressourcen unterstrichen, über die wir verfügen. Das kann unser Bekanntenkreis sein, die Beziehungen und Freundschaften, die wir pflegen, unsere Familie. Wir fühlen uns dann nicht alleine. Es ist wichtig, eine positive Einstellung zu haben und nicht aufzugeben, und sich Zeit lassen.

« Frëndschaft muss een opbauen. Mir setzen eis zesummen. Wa mir d’Flemm hunn, ruffe mer deenen aneren un an treffen ons. Mir gi spadséieren, oder mir maachen soss Eppes. Ech hu vill Freed an eng schéin Zäit. Mir 3 verstinn ons gutt a mir brauchen dat. Meng Frëndin huet Geméiszopp fir mech gemaach wou ech krank war. Frëndschaft ass Oflenken, Zäit hunn, Kichelcher baaken. »

« Ech sti moies fréi op. Wa mäi Jong opsteet, ass da schonn d’Luucht un. Ech ginn him e gutt Gefill. Ech begleeden hien. Ech maachen dat gären. Da geet et mir och gutt. Ech si frou, wann hie frou ass. Ech ginn him wat ech net hat. Ech ginn him Gebuergenheet. Och mengem Meedche ginn ech Gebuergenheet. Mir hale gutt fest zesummen! Eng Famill! »

« Et däerf ee sech net opginn. »

« Du muss dat hannerun der loossen an dech net einfach selwer fäerdeg maachen, du muss lassloossen. »

« De Mënsch brauch Zäit , fir sech lues a lues opzebauen. »

  • Wir haben auch über die positiven Auswirkungen einer handwerklichen oder kulturellen Beschäftigung ausgetauscht.

« Ech brauch Saachen wat mech beschäftegt, zB molen, bastelen. Ech sange gären. Musék ass och ganz wichteg, Musék ass meng Therapie. Wann ech eleng sinn, da verstoppen ech mech hannert dem Handy, well et mer gutt deet, well et mech oflenkt. An ech kucken och gären owes Filmer oder Serien. »

«Ech spille Guitarre, ech hunn ëmmer meng Musék. Kopfhörer. Ech sinn eleng doheem. »

« Ech duecht ech kann näischt. Ech hu Recht op Bildung, Recht op Konscht. Mam kollektive Projet bei ATD fillen ech mech nëtzlech. Ech hu mech ënnerschaat/sinn ënnerschat ginn. »

« Ech probéieren aner Sproochen ze léieren dat ass interessant. »

  • Ein Haustier trägt auch viel zu einem gesunden Leben bei.

« Mäin Hond gëtt mer Kraaft. A wann ech Misère hunn oder Suergen, da schwätzen ech mat mengem Hond. Ech gi vill eraus, ech léiere ganz vill Leit kennen, dat ass ganz flott. Dat gëtt mer vill Kraaft. Ouni Hond wier ech haut net opgestanen.»